Jump to content

Ons Hémécht

From Wikisource
Ons Heemecht (1864)
by Michel Lentz
5605Ons Heemecht1864Michel Lentz

Ons Heemecht


D'Melodie vun Ons Heemecht ass vum Jean-Antoine Zinnen (1827-1898) an d'Wierder si vum Michel Lentz (1820-1893). Déi éischt an déi lescht (déi véiert an der Originalversioun) Stroph bilden d'Nationalhymn vu Lëtzebuerg.[1]

Éischt Stroph

Wou d'Uelzecht durech d'Wisen zéit,
duerch d'Fielsen d'Sauer brécht.
Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit,
den Himmel Wäin ons mécht.
Dat ass onst Land, fir dat mir géif,
heinidden alles won.
Ons Heemechtsland, dat mir sou déif
an onsen Hierzer dron,
ons Heemechtsland, dat mir sou déif
an onsen Hierzer dron.

Zweet Stroph

An sengem donkle Bëscherkranz,
Vum Fridde stëll bewaacht,
Sou ouni Pronk an deire Glanz
Gemittlech léif et laacht;
Säi Vollek frou sech soe kann,
An 't si keng eidel Dreem:
Wéi wunnt et sech sou heemlech dran,
wéi ass 't sou gutt doheem!

Drëtt Stroph

Gesank, Gesank vu Bierg an Dall
Der Äerd, déi äis gedron;
D'Léift huet en treie Widderhall
a jidder Broscht gedon;
Fir d'Heemecht ass keng Weis ze schéin;
all Wuert, dat vun er klénkt,
gräift äis an d'Séil wéi Himmelstéin
an d'A wéi Feier blénkt.

Véiert Stroph

O Du do uewen, deem seng Hand
duerch d'Welt d'Natioune leet,
behitt Du d'Lëtzebuerger Land
vru friemem Joch a Leed!
Du hues ons all als Kanner schonn
de fräie Geescht jo ginn.
Looss viru blénken d'Fräiheetssonn,
déi mir sou laang gesinn!
Looss viru blénken d'Fräiheetssonn,
déi mir sou laang gesinn!

Fënneft Stroph

O du dem Prënzen ënnerdon,
komm onse Wënsch entgéint.
Am Sonneschäin looss ënnergon,
déi s du mat Muecht gekréint.
Du hues ons Léift an Trei geschwuer,
hal iwwer si deng Hand.
A Fridd a Gléck ginn ni verluer
am Lëtzebuerger Land,
a Fridd a Gléck ginn ni verluer
am Lëtzebuerger Land.[2]

Sechst Stroph

Mir bleiw'n der Groussherzogin trei,
soulaang de Bolsschlag geet.
Ass si ablécklech och net hei
fir ons dach fest et steet.
Si gleeft un eis wéi mir u si,
un d'Land an u seng Trei.
Duerfir vergiesst ons Charlotte ni,
duerch si gi mir rëm fräi,
duerfir vergiesst ons Charlotte ni,
duerch si gi mir rëm fräi.[3]

Siwent Stroph

O Härgott seen onst klinzecht Land,
mir schwieren Dir all Trei.
Seen Papp a Mamm a seen all Kand,
an Troun a Glaw hal fräi,
An du gutt Mamm vu Lëtzebuerg,
wéi kënnt et anescht sinn.
Du hëllefs ons a Leed a Suerg,
well mir Deng Kanner sinn,
du hëllefs ons a Leed a Suerg,
well mir Deng Kanner sinn.[4]

  1. Artikel 6 vun der Loi du 27 juillet 1993 modifiant et complétant la loi du 23 juin 1972 sur les emblèmes nationaux
  2. Déi 5. Stroph gouf fir d'Joerhonnertfeier vun der Onofhängegkeet 1939 geschriwwen
  3. Déi 6. Stroph gouf 1944 geschriwwen a vun der BBC vu London aus an d'Drëtt Räich gesent
  4. Déi 7. Stroph huet e reliéise Ursprong. Den Auteur an den Ulass vun dëser Stroph sinn net bekannt