Sou gungen Dachs a Fiischen;
De Grimpert mécht him Mutt,
An heemlech denkt de Renert:
Vläicht geet et alt nach gutt.
Se koumen u beim Pallaast,
Do bléist de Fuuss sech op:
En hieft de laange Schwanz och
Sech stolz bis iwwer d'Kopp.
E schréckt als wi e Barrong,
Als wi e Prënz duerch d'Strooss;
E steet am Kinnekspallaast,
Als wär den Troun em mooss.
Genéidegsten Här Kinnek,
Sou fung de Renert un,
Vun äis sid dir den éischten,
Am Roden an am Dun.
Vun allen, déi hei ëm iech
Beim Troun am Wee mir stinn,
Sou trei, Dir wësst, Här Kinnek,
Ass keen, wéi ech iech sinn.
Wat ass et, kënnt e Falschen
Mat enger Klo géint mech?
Ech bleiwe stëll an denken:
De Kinnek kennt jo dech.
Haalt stëll, sot du de Kinnek,
Iert Schwätzen déngt iech naischt,
Denkt uen den aarme Kueder,
Um Bier seng éimeg Faischt!
Erlaabt, sot Fuuss, Här Kinnek!
Dem Bier ass recht geschitt.
Wien d'Beie leckt, wat wonnesch,
Wann dien en Aangel kritt?
De Féischter ass de Mann net,
Die sech bestiele léisst;
Ech son och nu wuel selwer,
E gouf ze haart gebéisst.
Ech wollt e jo bekäschten,
Mä hie wollt Hunneg hunn.
Ech hunn em dees gewisen:
Do ass mäin Dank dervun.
Dem Kueder wollt ech Hunneg,
Ech wollt em Bire ginn.
Hie mouch de spatze Mëndchen:
Et misst eng Maische sinn.
Ech wollt emol net matgon,
Ech hunn em vill geschwat.
Hat ech dann och de Strack em
An d'Hingerlach gesat?
De Braun deen ass e Schnekert,
De Kueder ass gelott:
Dat féiert all mäi Liewen
Zu näischt als Schléi a Spott.
Dir huet d'Gewalt, Här Kinnek,
Dir huet s'a béiden Hänn:
Nu loosst mech d'Kloen héiren;
Mer man der Saach en Enn.
Du stungen op seng Feinden,
Et war eng greilech Zuel;
An 't war der méi als zwanzeg,
Et war der honnert wuel.
Do koum de Widder Bläckert,
Den Iesel Ouerjann,
D'Kanéngchen, d'Maus an d'Wisel
An d'Geess mat hirem Mann.
Den Uess a seng Familjen,
De Kueb an d'Int an d'Kréi
D'Kaweechelchen, de Maarder,
Den Hues, den Hirsch an d'Réi.
A gidwereen hat Kloën,
Se bruechten un hir Saach;
Se bruechten al Geschichten
An neier un den Dag.
Déi alleruergst vun allen
Si Wollef, Bier a Kaz:
Déi loussen sech net schwätzen
En Hor déck aus der Plaz.
Mä Fiischen ass keen Topert,
Dee Mann deen huet e Mond!
Se sote wat se wollten:
Hien huet en Auswee fond.
Zum leschte koume Männer,
A Männer vu Gewiicht,
Déi riede géint de Renert;
Du gouf de Fuuss geriicht.
De Kinnek sprécht en Uertel,
Datt munchen heemlech laacht,
De Fiische gëtt gebonnen,
Datt him den Ielbou kraacht.
A Wollef, Bier a Kueder,
Se ginn wi an der Loft,
Den Hiesche schléit e Riedchen,
D'Wëllschwäi vu Frede bofft.
De Kiebche schläift de Schniewel,
An d'Kréi déi juppt mam Schwanz;
De Widder mécht dem Renert
Zum Spott en Dillendanz.
De Réibock steet de Männchen,
E mécht en eescht Gesiicht:
Sou gouf de Fuuss gefouert
Mat Freden zum Gericht.
'T wollt alles hie begleden,
An alles leeft dohin:
All Häre ginn, de Kinnek
Geet mat der Kinneginn.
Bei Angber stung de Gaalgen:
Dräi Staangen un em Nol,
Nu Fiische, sot de Wollef,
Bekuckt ier Plaz emol!
Klammt hardi doënoppen!
Dir sid e frumme Mann:
Nu jitt Der riicht zum Himmel;
'T ass wat ee wënsche kann.
Dir hatt mech jo gefoërt
Mäng Deeg op d'Äis feng brav.
Hei braujcht der néck ze fiärten;
Do trëllt der néck eraf.
Här Fuuss, do ass och Hunneg,
'T ass dees vum Féischterhaff,
Jaut Bier, a wann e gutt ass,
Da werft erof e Graff!
Do uewen hinkt en Maischen,
Sot Hinz, an een mat Speek:
Ä géift der droan erwirrgen,
Éich gif vua Frede Geek.
Ech och, sot du den Hieschen,
Dat géif eng Kanddafsfreed:
Mer géiwen iech begruewen
Op d'Koppeleschter Heed.
De Fuuss gesouch vir Äen
Der Doud do uewe ston;
Hee konnt sech net enthalen,
Hee musst alt nach eng son.
Et feelt iech vläicht nach,
Seet en, un engem gudde Seel?
Ech mengen, do de Kueder,
Dien hat dës Do eent feel.
Hei ass et Freed ze stierwen,
Ech hu jo guer keng Nout:
Dir géift mech gär begruewen,
Mä hätt der mech ees dout.
De Wollef ka gutt sangen,
Den Hues kann d'Uergel schlon,
De Bier deen ass tonséiert,
Dee wäerd mer d'Mass wuel don.
Brav kräische kann de Kueder,
Dat weess d'ganz Houserdéckt;
Dat hunn ech s'all geléiert
An 't huet sech gutt geschéckt. --
Du gräifen se zur Leder,
Se setzen em se schacks,
An alles schloug mat Hand un,
Als net de Nëwéi Dachs.
De Fiissche klëmmt op d'Leder,
En denkt alt wat e kann.
E war schuns bal do uewen,
Du krut en 't an de Sann.
En dréit sech op de Sprëssen
A rifft dem Kinnek zou:
Här Kinnek, dierft ech beichten,
Da stierft ech vill méi frou.
Ech hunn der vill beledegt,
Déi hei nun ëm mech stinn;
Déi biet ech em Verzeionk,
Ir an den Doud ech ginn.
De Kinnek dee bejoozt em 't.
Spirtus mendax,
Sot de Fuuss bei sech,
Stéi mer nu bäi mat déngem Rot.
Du fung en un ze beichten:
Nach als e Menge Knueb
Schuns fung ech un ze stielen.
Dat éischt dat war e Kueb.
Drop holt ech mer e Lämmchen,
Ech schnappt mer hei eng Dauf,
Krut do e Panestäerzchen,
Eng Gäns hei mat der Hauf.
Mäi Papp huet mech gewisen,
Ech hat e gudde Kapp:
Net laang, du konnt ech stielen,
Bal besser wi mäi Papp.
A wéi hien du konnt denken,
Et ginng bal mat mir Bouf:
Du schéckt e mech bei d'Eilen
Am Mëllerdall op Prouf.
Déi wunnen an de Leën
Vu Paaschent bis op d'Sauer:
Se liewen nuets wi d'Schelmen,
Am Do als wi eng Auer.
Ech gung a koum zur Moolzecht
Bei enger räicher Échel,
Mat Schniewel a mat Kloen
Sou kromm als wéi eng Séchel.
Se hat iech och zwee Aen,
Wi d'Glieser vun ë´r Lanter,
Se war gekleet an d'Plommen
Wi d'Schof an d'Woll am Wanter.
Sou souzen hirer zwanzeg
An nach wuel honnert Gast.
Om Buedem loug och z'iessen
Vun allerhand dat Best.
Di Al se housch mech wëllkëmm;
Ech hu mech duergeluegt,
A gläich koum eng deer Fratzen,
Déi mir en Ierdbier bruecht.
Se mouch geléiert Aen,
Se huet ganz héich geschwat
A sot: Dat ass iert Iessen,
Nun iesst iech net ze sat!
Well dat ass d'Häerz vum Iesel,
Die wosst déi Fiiss ze fänken,
Fir un hir Schwänz dem Samson
Seng Fakeln opzehänken.
Du foung ech un ze laachen:
Dat hëlt di Échel queesch,
Se spréngt mer riicht an d'Aen
An deet di ellenst Kreesch.
An all di aner Échlen,
Se koumen op mech lass,
An d'Gäst och, all déi Méchlen,
Se hätte mech gär zrass.
Du hunn ech dann deer Kloen
A Schniewlen iech gespuert!
Ech duecht, ech géif gegrimmelt
An da geworf duerch d'Huert.
Mä, sot ech du, dir Dammen,
Mä loosst mech dach ees schwätzen!
Ech géif jo wuel ganz gären
Um Ierdbier mech ergätzen.
An hat ech och en Zweiwel,
Ech hunn net méi Verstand:
Ech sinn en dommen Deiwel,
En aremt Fuussekand.
Du gouf dann alles frëndlech,
An d'Échlen hu gekluckst;
Di Al foung u vu Freden
Ze kräischen datt se schluckst.
Ech ouss dann du mäin Ierdbier,
A sot: O Mamm, wi sat!
Gott weess, a wat fir Ligen
Ech nach dervun alt schwat.
Du féiert mech och d'Meeschtesch
Méi déif eran an d'Donkelt,
Do huet eng naass-faul Wuerzel
An engem Eck gefonkelt.
Se sot: Géi net dru richen,
Soss brenns de dir eng Wonn.
Well dat, kuck hei mäi Männchen,
Ass d'Mudder vun der Sonn.
Ech sot: Meng léif Fra Échel,
loosst mech hei eraus;
Déi Hëtzt, dat feiregt Blénken:
Ech halen 't net méi aus.
Du weist se mer nach weider
E schéine gëlde Vugel
A sot: Deen do ka fléien
Wéi aus der Flënt eng Kugel.
'T ass d'Bild vum Vugel Guckuck,
'T ka fléie wuer et wëllt,
Mä wéi deem, wou et hiflitt,
Deen do ewech et hëlt!
Du sat ech mech verwonnert
Virun de Vull op d'Knéien
An duecht: Wär ech eleng hei,
Da géif de Guckuck fléien.
An d'Eil fung un ze pus'len
Se kraazt sech ees am Ak
Du stiechen ech de Vugel
Mer heemlech an de Sak.
Du gi mer bei di aner
'Rëm hannescht an de Sall.
Ech sot: Mä kuckt, Dir Dammen,
Wat hu mer hei e Fall!
Do ass de gëlde Guckuck
Mir hier an d'Täsch gefluën.
(Ech duecht: Wou d'Lige gëllen,
Do gët nun och geluën.)
Do gouf et da Gesiichter!
Di Seeche wollt net schmaachen:
Mä ouni d'Wuert ze friessen,
Wat sollten se do maachen?
Du sot di Al: Komm bei mech,
Nu kriss de däin Diplomm!
Se stécht mer op den Hittchen
Aus hirem Baart eng Plomm.
Ech duecht: Diplomm -- di Plëmmchen,
Se ass verfluchte liicht,
A mouch der aler Échel
Zum Dank en dommt Gesiicht.
Do goung ech da mam Guckuck
Op heem zou an net lues:
Ech goung als wi ech komm war,
Well viraus goung meng Nues.
Mäi Papp gesouch mech kommen
(E war als wi e Luuss)
E rifft meng Mamm a seet hir:
De Fiissche kënnt als Fuuss.
Drop louss e mech da lafen,
Bei Dag als wi bei Nuecht,
A sot: Mäi Jong, huel nëmmen
Vir Jeër dech an uecht.
Sou koum ech bis op d'Musel
'T war an der Drauwenzäit,
Do fond ech mech mam Wollef;
En hat eng kleng Schlabäit.
E sot, ech sollt mech setzen,
A frot, wouhier ech kéim;
Ech sot em 't. Mä da sinn ech,
Sot hien du, ieren Éim.
En nannt mer du mäi Pätter
Meng Urgroussmamm a seng.
Ech duecht: 't ka wuel Familjen
Nach sinn, mä s'ass dach kleng.
Du gung ech da mam Monnonk,
Mer hunn äis d'Wuurt och ginn,
Ze delen all Schlabäitchen,
Als wéi zwéi Bridder dinn.
Foung hien e wëlle Béier,
Ech fong dann alt e Schof.
Mä, gleeft mer dat, Här Kinnek,
'T gong spatz fir mech erof.
Ech hätt net kënne liewen:
Zum Gléck, ech hat nach Gold,
An 't hätt een och zéng Maandlen
A méi dermat gefollt.
Du lauschtert ees de Kinnek:
Wat? sot en, Renert, gelt,
Ech hu mech net verlauschtert,
Dir sot elo vu Geld?
Wou krut Dir dat da, Renert?
Drop sot de Fiisschen dann:
Wat soll ech hei vermëmplen,
Wou näischt méi schuede kann?
Dat Geld, wat soll ech léien,
Ech hat dat Geld gestuel
Fir d'Liewen iech ze retten:
An nu -- mäi Loun ass schmuel!
Se wollten iech ermuerden,
A wien, dat wëll ech son;
Dat Geld, dat war hiirt Mëttel,
Dat hat ech all verschlon.
Drop sot de Kinnek: Renert,
Bedenkt dir, wou dir stitt?
An datt dir aus dem Liewen
Net schéi mat Lige gitt!
Duerfir bekennt mir d'Wourécht,
Well ech se wësse wëll;
Erof kommt vun der Leder,
A gidwereen hal stëll!