E NEUE KNOIDELER .
Eng Kâtz hât láng den Hóscht :
Wiè get mer, kaimt se , Tróscht ,
Do neischt mer d'Katze stellt ,
Kê Battert, a kê mellt !
Du kris nach Laüss :
Et lâfen d'Maüss
Ewèg, ob dei Gekätz ,
All hurteg an hir Rätz.
Dèm Deng, genoch ,
En Enn, des woch !
Der d'Kroénche schiör,
E Bósbant hier !
Eng Schnóer öm deng Ïènn ,
E Róse Kranz an d'Hänn !
Si rüfft , a knoidler Troicht ,
Beim Maüse-Reich der Woicht :
Mâch ob , zur stèll ,
Dem Pater Gabriel !
'T ass spét , se müt an hès,
Geschennt vu langer Rès ,
Sen ál , erhoéngre bál ,
An nâs ass d'Noicht , a kál
Nach weit vun hei d'abtei
Och lòs mech schlòfen hei!
-
-
De Piörtner : «< Pater gièr , >>
Herân --- an dreivt s'an d'Wiär !
Kaum wor de Knoidler do ,
O-ai ! jaitzt schrècklech Ploh -
A strummeweiss läft d'Blut.
Dem Pater dóng dất gut.